Iwwer Endlech
D'Geschicht hannert Endlech.lu — enger Plattform, déi scho laang iwwerfälleg war.
Grënner
Michael Ferreira
Ech sinn de Michael, 30 Joer al a säit der Gebuert mat SMA2 (Spinale Muskelatrophie Typ 2) betraff. Als passionéierte Programméierer a Fotograf weess ech aus eegener Erfarung, wéi wichteg richteg Barrierefreiheet am Alldag ass — an dat ass genau dat, wat mech bei Endlech.lu undréift.
D'Geschicht vun Endlech.lu
Endlech.lu war eigentlech scho säit Jore iwwerfälleg. D'Iddi hat ech schonn als Jugendlechen — eng Plaz, wou Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit onkomplizéiert barrierefrä Restauranten zu Lëtzebuerg fannen kënnen. Eppes, dat et esou einfach an iwwersiichtlech ganz einfach nach net gouf.
2018
Planung fänkt un
D'Iddi ass zur konkreter Decisioun gereeft: Ech wollt d'Plattform wierklech bauen. 2018 hunn ech ugefaangen, de Projet seriö ze plangen.
2020 – 2021
Aktiv Entwécklung
Zesumme mat engem Frënd a Partner hunn ech ugefaangen, d'Plattform aktiv ëmzesetzen. Mir hunn d'Visioun gedeelt an hunn mat richtigem Elan dru geschafft.
2022 – 2024
Onfrëiwëlleg Paus
Leider huet et mam Partner net geklappt, an eleng hat ech einfach net d'Zäit. De Projet hunn ech schwéieren Häerzens op Äis geluecht.
Ende 2025
Neistart
Enn 2025 hunn ech beschloss, nees unzefänken — an et dës Kéier duerchzezéien. Mat neier Energie an dem richtegen Tech-Stack hunn ech d'Entwécklung komplett nei gestart.
Mäerz 2026
LiveÉischt Live-Versioun
Am Mäerz 2026 geet Endlech.lu endlech online — mat richtegen Restaurantdaten, Barrierefreiheets-Filteren, Community-Virschléi an engem komplettem Admin-Panel. Den Ufank ass gemaach, an d'Plattform wiisst mat all Bewäertung.
Eis Missioun
Barrierefreiheet soll keen Zoufall sinn. Mat Endlech.lu wëlle mir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit hëllefen, Restauranten zu Lëtzebuerg ze fannen, déi wierklech zougänglech sinn — vun der Community gepréift, fir d'Community.
Restauranten entdecken